D’Stad ouni Offall

Concours pour les 12 – 20 ans

Zu Lëtzebuerg ass d’Produktioun vun Offall ze héich. No enger Étude vum europäeschen Statistikamt Eurostat ass Lëtzebuerg, hanner Dänemark der Schwäiz an Zypern, de gréissten Offallproduzent vun Europa. Wéi kënne mir desen Problem léisen? Wéi kënne mir den Offall an der Stad reduzéieren? Wéi stellst du dir d’Stad ouni Offall vir?

Eis Kategorien

  • Kategorie 12 - 15 Joer
  • Kategorie 16 - 20 Joer

Wéi matmaachen?

Fëll den Online Formulär aus, an just 2 Minutten ass dat ganz einfach! A schéck eis eng Duerstellung vun denger Iddi (Bild, Maquette, Video,...)  virum 30. Abrëll 2016:

Luxinnovation/ Concours GENIAL
5, avenue des Hauts Fourneaux
L-4362 Esch-sur-Alzette

Workshop D’Stad ouni Offall

D'Workshop vun 3 Stonnen get iech d'Méiglechkeet wéi en richtegen Designer ze schaffen an är GENIAL Léisungen fir d'Stad ouni Offall ze fannen. 

Wou?   

Maison de l'innovation (5, avenue des Hauts Fourneaux, L-4362 Esch-sur-Alzette)   

oder   

Casino Luxembourg, Forum d’art contemporain, 41, rue Notre-Dame, L-2240 Luxembourg   

Wëlls du bei eisen Atelieen matmaachen?

Sidd dir Enseignant? Interesséiert Dir Iech fir eis Atelieen? Reservéiert ären Datum!

Weider Informatiounen an Umeldungen iwwer Telefon (43 62 63 669) oder per Mail un genial@luxinnovation.lu
Et ginn maximal 20 Plazen pro Workshop!

Besich eis op Facebook !