Iddien erauswielen

Wiel déi GENIALst Iddi ënner all deenen aneren Iddien eraus! 

Wanns de scho vill flott Iddie fonnt hues muss de déi beschten – déi GENIALsten - Iddi erauswielen. Oft ass et awer guer net einfach sech fir eng Iddi ze entscheeden! Hei e puer Tipps déi der d’Entscheedung erliichteren.

wanns de eleng schaffs

Nëmme wells de all deng flott Iddien eleng fonnt hues, heescht dat net onbedengt dass de deng beschten Iddi och eleng erauswiele muss. Et ka ganz nëtzlech sinn deng Kollegen, deng Proffen oder deng Elteren em Rot ze froen!

Mee wanns de deng Iddi léiwer eleng eraussiche wëlls, kennen dës Tipps der hëllefen:

  • Vergiess net – du sichs eng GENIAL Iddi
  • Iwwerlee der d’Vir- an d’Nodeeler vun all Iddi
  • Trau dech Entscheedungen ze treffen
  • Vertrau denger Intuitioun
  • Entscheet dech fir eng Iddi déi der gefält an un déits de selwer gleefs!

wanns de am Grupp schaffs

Hutt der manner wéi 15 Iddien?

Maacht eng Lëscht mat de beschten 3 Iddien. Da fält d’Entscheedung schonn e bësse méi liicht.

Hutt der tëschent 15 an 40 Iddien?

Da maacht eng Lëscht mat ären TOP 5 !

Dir hutt méi wéi 40 Iddien?

Gratulatioun! Bei sou villen Iddie fält d’Entscheedung sécher net liicht.

Fir d’Entscheedung awer e bësse méi einfach ze man, benotzt d’ COCD Box  mat där der är Iddien an 3 verschidde Kategorien andeele kennt:

  • Iddien, déi elo scho kennen ëmgesat ginn (NOW)
  • Iddien déi relativ séier ëmgesat kenne ginn (WOW)
  • Iddien déi (nach) net direkt ëmgesat kenne ginn (HOW)

Dës Method erlaabt et aus all ären Iddien déi „GENIAL TOP 5“ erauszesichen an am Detail un deene weiderzeschaffen.

Download

Dir hutt zevill gutt Iddien a wësst net wéi eng déi GENIALst ass ?

Dës Method hëlleft Iech an Ärem Choix! Sicht aus all ären Iddien déi „GENIAL TOP 5“ eraus a schafft un deene weider.

COCD Box

Besich eis op Facebook !